Mutenroshi Posted 20. October, 2011 Posted 20. October, 2011 Salü Vollek Mech interesseirt wo dir är Spiller kaafen gidd? Nët lo onbedengt de Cactus Hobby oder d'Belle Etoile mee eischter sou kleng Geschäfter wei den Electro Viaduc / Player One Lëtzebuerg op der Staater Gare. Ech gin bei Topspiller emmer bei de Marc op d'Gare well hien d'Spiller oft 2-3 Deeg virum offiziellem Start erausreckelt. Seng Praiser sin zwar immens mee daat steiert mech fir AAA-Titelen nët wirklech. Uncharted 3 soll jo den 02. November erauskommen (direkt nom Feierdaag) an mir ass zu Ouren komm datt d'Spill eventuell schon den 28. Oktober antrefft an verklappt gett. A Frankreich ass et mol sou: http://www.amazon.fr/Uncharted-3-lillusion-de-Drake/dp/B003RWS3FC/ref=sr_1_1?ie=UTF8&qid=1318961854&sr=8-1 Naja, ech gin de Metten mol U3 an Modern Warfare 3 firbestellen, secher ass secher Bis dajee!
Fury Bahamut Posted 20. October, 2011 Posted 20. October, 2011 ech lossen mang Sachen meeschten aus Planet Axel kommen. A la rigeuer och nach Amazon oder direkt beim Fournisseur (zbsp. Nis America) Zu Letzebuerg kaafen ech bal nie eppes an och just nach ganz seelen an Daitschland.
mogry Posted 20. October, 2011 Posted 20. October, 2011 normalerweis Amazon am Cactus pracktesch ni main Lescht hun ech am PSN kaaf (PAYDAY), hoffen dass ech et och geschwenn zeien kann
nicentra Posted 20. October, 2011 Posted 20. October, 2011 amazon.co.uk begrenzten budget ausserdem hunnj se do uncut
Lux-Player Posted 20. October, 2011 Posted 20. October, 2011 Bei mer henkt ed oof, wann ech graad am Auchan sinn an ech gesinn e Spill waat mer zouseet, dann schloen ech einfach sou, sou deier ass ed am Auchan och nt Heiansto bestellen ech se aawer och iwer Amazon
chico79 Posted 21. October, 2011 Posted 21. October, 2011 Hey den Mutenroshie ass zereck:smile: Ma ech grad do eweu ech locht hunn: MW3 Hardnet edition hun ech an der belle etoile virbesctalt U3 op amazon.fr AC Revolutin bei micromania (das am een Gescheft am Carrefour zu Thionville an een am Auchon am Mont St.Martin)
Lux-Player Posted 5. November, 2011 Posted 5. November, 2011 Moin, wees zoufellech een vun iersch ob een iergendwou schon MW3 ze kaafen kritt? Sinn schon vill Deitscher aus menger Frendslescht dei ed schon spillen
chico79 Posted 5. November, 2011 Posted 5. November, 2011 Moin, wees zoufellech een vun iersch ob een iergendwou schon MW3 ze kaafen kritt? Sinn schon vill Deitscher aus menger Frendslescht dei ed schon spillen Den auchan an der statd, den free record shop zu esch, den micromania zu mont st martin
Canivores Posted 20. November, 2011 Posted 20. November, 2011 Salut, ech kafen och grad emmer do an wou ech grad sinn, meeschtens Belval-Plaza, mä och emol Amazon
HughJFan Posted 23. November, 2011 Posted 23. November, 2011 kaufe mir manchmal op de Saturn in Gare oder in Daitschland op Mediamarkt.
Gillinio81 Posted 30. November, 2011 Posted 30. November, 2011 Ech kaafen all meng Spiller bei Amazon , as daat einfachst an menger Meenung no daat bellegst,ok ech hun Praiser hei na nie sou gekuckt mee ech mengen d Spiller sin awer mei deier hei.. an bei Amazon hun se heiansdo o nach super Promoen wei z.b. bei firbestellen vun Uncharted 3 kruut een een Headset gratis dobei an daat alles zesummen fir 53 Euro, Top
HughJFan Posted 5. December, 2011 Posted 5. December, 2011 jo, bei amazon.de versendet versandfrei als Daitschland, ech denk
Jackesch Posted 17. January, 2012 Posted 17. January, 2012 Salut, also ech kaafen meng Spiller zu Treier am MediaMarkt oder Saturn wann ech grat do sin an mer eppes an d'Aan fällt. Wann ech online bestellen dann bal nemmen bei zavvi.com dei hun mat ofstand vill besser Preiser wei bei Amazon.
Goldeneye Posted 18. January, 2012 Posted 18. January, 2012 Ech kaafen normalerweis am Fachhandel, fier dee Beraich generell ze ennerstetzen. Doweinst sin Online-Versandhändler fier mech keng Alternativ. Ganz selten mol zavvi an den amazon.co.uk well se wirklech deelweis enorm praisweart sin, amsonsten ebay fier meng Retro/JAP-Spiller. Mee wi gesot, generell enerstetzen ech de Fachhandel also den Electro Viaduc an der Staadt oder den Gamenatix zu Tréier.
HughJFan Posted 19. January, 2012 Posted 19. January, 2012 eine Frage: op probleme fir PS Vita mät 3G/WiFi in Daitschland kafen oder nëscht besser in Lëtzebuerg fir Vertrag op Handy SIM Kaart...wie?
Goldeneye Posted 19. January, 2012 Posted 19. January, 2012 Am beschten Only-WiFi, laut Sony reicht 3G net aus fier ennerwee online ze spillen.
HughJFan Posted 20. January, 2012 Posted 20. January, 2012 Warum besser WiFi, ech will gär doch mat 3G und in die Zukunft soll neie Version...
HughJFan Posted 10. February, 2012 Posted 10. February, 2012 Jetzt habe Reklame TANGO geliessen, eng Spil fir Vertrag vun Tango 0 € mat Wipeout Spil zusammen, aber ech hun noch Sony Xperia Play mat Vertrag op een Joer und will nëscht noch mal mat Vertrag fir PSVita. Villecht kommt op LUXGSM den Angebot.... uff, schwier schriéwen mei sprache...
Goldeneye Posted 10. February, 2012 Posted 10. February, 2012 Intressant, denken dass et bei WipEout aber just et Download-Variant es. Vielleicht brengt LUXGSM io eng entspriechend Offer dad wier net schlecht.
HughJFan Posted 14. February, 2012 Posted 14. February, 2012 jo kéng LUXGSM Angebot fir PS Vita, wie lang Dauer noch??
Recommended Posts
Archived
This topic is now archived and is closed to further replies.