Goldeneye Posted 21. July, 2009 Posted 21. July, 2009 Salü allerguert, Ech mengen am Letzebuerg-Beraich kenne mer en egene Beraich fier eng Vierstellung man, well mer jo net esouviel Threads fier eis Regiounen brauchen. Iwer verschiddener hun ech scho Saachen gelies, hei kann der Saachen zu Ierch schreiwen, Wunuert, an Interessen, an och vleit e Geschäft machen. Ech fanken dann mol bei mir un, Wunnen zu Duelem, (Dalheim) am Kanton Réimech. Sin 18 Joer, hun an der Logistique geschafft mee gin lo rem an et schoul zu bouneweeg. Interessen; Playstation 3, Fernseh kucken, Staatsbeamtewitzer verzielen, Animes (Dragonball, Ranma, City Hunter etc), dobaussen sin, Zeechnen Beier drenken (favourit: lux, dikkrecher, auslannech; Kingfisher), Formel 1 (McLaren Mercedes, FIndia), Fussball (Schalke, Mainz) an Videospiller Tester schreiwen an spillen an aller Form op alle Konsoulen (Atari VC 2600, NES, SNES, GB, Master System, MD, Saturn, PSX, GG, DC, N64, Gamecube, Xbox, PS2, GBASP, PSP, NDS, Wii, 360, PS3 60 Gb. An ech sammle gaer Videospiller (400-500st) Wat ech net gaer hun as Hektik. Jo an dad deift emol sin.
Fury Bahamut Posted 22. July, 2009 Posted 22. July, 2009 Moin Moin Bas jo schon e bessen mi laang hei ugemelt. Spillst du och Schaach oder sou eppes? Den Num kennt mar kenneg fir.
Lux-Player Posted 22. July, 2009 Posted 22. July, 2009 basste am LTB an der Schoul?Wann ja,dann sinn mier jo an der selwechter Schoul:biggrin5:
Goldeneye Posted 22. July, 2009 Author Posted 22. July, 2009 Jo, ech sin am LtB 8) Schaach kann ech, awer beileiwen net profesionnel. "Goldeneye" stammt vum N64-Spill vu RARE (97)
Lux-Player Posted 22. July, 2009 Posted 22. July, 2009 LoL,vill. sinn mier eis jo schon iwert de Wee gelaaf:biggrin5: Ech adden dech mol am PSN:smile:
Goldeneye Posted 22. July, 2009 Author Posted 22. July, 2009 Jop, ech huelen dech dann den Owend un, gin nach an de Führerschein. 8) Wien sin dann esou deng Proffen um LtB? (sin seit drei Joer dixieme, war awer och e schaffe gang)
Lux-Player Posted 23. July, 2009 Posted 23. July, 2009 Kommen elo am September an 10ième Technique Commerce:smile: Lescht joer hat ech an der Mathé den Leo Zahlen,Englesch George Lorang,Franseisch Jocelyne Kohnen an am Deitschen Julia Retzlaff:biggrin5:
Goldeneye Posted 25. July, 2009 Author Posted 25. July, 2009 Hat Retzlaf am englesch. Dad as eng schro, mat alkoholafloss dierf een net an de sall. Kommen op 11ieme Commerce X1.
Makudo333 Posted 29. July, 2009 Posted 29. July, 2009 Salut also ej sin den Stefano 17joer a kommen aus Bonnevoie ^^zimlj gudd forum hehe naja wes net wat ej sos soe soll an meng ps3 ID as Makudo333 an meng trophies leien momentan bei 982 an sin platz 334. op da weltranglescht w.e.g sot beim adden o dass die vu hei sid!an jo meng email bzw msn adress as kyo891@hotmail.com
Wuppes Posted 30. July, 2009 Posted 30. July, 2009 Sali. Ech sin den Alain aka Wuppes vu Reckange (Freier Felschdreff) Ech hun 27 Joer, schaffe bei der P&T an der Telecommunicatiounstechnik. PS3 as en Hobby vu mir. Hu mech schon emmer fir Videospiller begeschtert. Mei Lieblingsbeier ass Guinness an iesen gären e Fierkel vum Spies. Ech lauschteren alles waat top ass ausser techno e.t.c Kucke gäre Filmer a spille gäre mat mengen 2 Katzen a mat menger Verlobten =) Leider muss ech lues machen mat Spiller kaafen wäll mir bauen en Haus, an ech kann iech soen daat ass eng daier Wixx =) Dofir wann ech Spiller kaafen, dann bei www.amazon.co.uk PS@Hermes Pit, ech ka mech un deng 2 Bridder erenneren.Dech hun ech och nach e bessen an Erennerung.War dem Jean-Marc(Marie) sai Moniteur an de Vakanzaktiviteiten firun 8 Joer ongefeier=) An den Nico hun ech um FB an der Lescht
Makudo333 Posted 30. July, 2009 Posted 30. July, 2009 Ma dann salut Alain alles am grengen?:biggrin5:naja herzlejt welkomm am forum an hoffn dat du hei vill spass hu waerst:biggrin5:
Goldeneye Posted 31. July, 2009 Author Posted 31. July, 2009 Salut Alain, Wow, mee wanns de vu Felschdreff wars as et kloer dass du sie kannt hues. Jean-Marc a Nico, woust souguer nach hieren Num. Amoment sin jo rem Vakanzanktiviteiten. Den fbiagent007 an denger Friendslescht as e ganz gudde Kolleg vu mier, iwernuechten ald bei him a me enerhuele vill. Spille vill mat senger PS3 an do as ma dein PSN-ID obgefall
mogry Posted 4. August, 2009 Posted 4. August, 2009 Salut sin den Pit vun Greiweldeng. 29 Joer Breifdreier. Spillen Dech-Tennis zu Altwies, sin an der SCHLUPP (ass en CDJ fir dei mei Aal) hun eng Frendin Tanja (schon iwer 8 Joer ofreck) an spillen natiirlech PS3 kucken vill DVD an lo och Blu-Ray den Wuppes oder Alain ass main Brudder den iwert mir geschriwen huet. wien mech adden well, keen thema meng ID ass MOGRY. Ween FINAL FANTASY kennt, kennt och den Mogry hun mer den Numm wunn do geklaut
Makudo333 Posted 7. August, 2009 Posted 7. August, 2009 Herlzlejt welkomm am forum ^^hoffn waers vill spass hun
Rattlesnake25 Posted 15. August, 2009 Posted 15. August, 2009 moien stef tom majo ech kommen aus der staat main numm as sascha an ech hun mettleweil 768 trophäen wann ee mech adden well meng id as Rattlesnake25
Online__Gamer Posted 15. August, 2009 Posted 15. August, 2009 Bass du lo och hei Vill Spass:biggrin5:
filco Posted 29. September, 2009 Posted 29. September, 2009 Salut. Sin den Filipe vun Gousseldeng. Hun mech haut ereischt op dëser Sait ugemelt. Dir kënt mech roueg um PSN adden. id=filco Vill Spaass beim gamen
Online__Gamer Posted 29. September, 2009 Posted 29. September, 2009 Moien Filipe. Wat spillst du sou?
Recommended Posts
Archived
This topic is now archived and is closed to further replies.